BundesligaDe Steffen Baumgart gëtt d'nächst Saison neien Trainer vum 1. FC Köln

RTL Lëtzebuerg
De Baumgart ass elo nach Trainer bei Paderborn. Hien hat schonn annoncéiert um Enn vun der Saison do opzehalen.

Bei Paderborn hat de Laurent Jans och zejoert ënnert dem Steffen Baumgart an der 1. Däitscher Bundesliga gespillt. Köln steet an der éischter Liga, zwee Spilldeeg viru Schluss, op der zweetleschter Plaz, a riskéiert erauszefalen.

Den 49 Joer ale Baumgart huet e Kontrakt bis 2023 bei de Kölner ënnerschriwwen. Hien iwwerhëlt den 1. Juli de Poste vum Friedhelm Funkel.

Back to Top
CIM LOGO