
E Sonndeg gouf et eng 0:1-Néierlag zu Rouspert an et steet een op der drëttleschter Plaz an der Tabell.
De President vum Progrès Fabio Marochi huet eis d’Informatioun vun de Kolleege vum Tageblatt confirméiert. Stéphane Leoni heescht de Successeur vum Roland Vrabec op der Trainerbänk zu Nidderkuer.
Den Däitschen Vrabec krut e Méindeg de Stull virun d’Dir gestallt. De Leoni war bis de Mee Trainer bei der US Sarre-Union an der 5. franséischer Divisioun. De 44 Joer ale Fransous war als Spiller ënnert anerem beim FC Déifferdeng 03 a Profi beim FC Metz.
De Leoni krut beim ambitionéierten Tabellendrëttleschten e Kontrakt vun annerhallwem Joer, mat enger Optioun op eng weider Saison. Co-Trainer gëtt de 35 Joer ale Chadli Amri, deen ënnert anerem 40 Mol an der 1. Däischter Bundesliga gespillt huet.
Am Laf vum Dag war d’Rumeur opkomm, datt de Jeff Strasser eventuell neien Trainer beim Progrès kéint ginn. Op eis Nofro hin, sot eis de President Marochi, datt de Strasser zwar e gudde Frënd ass, à ce stade awer net am Gespréich bei hinne war. Et ass ze héieren, datt de fréieren Internationalen no der Trennung mat Hesper, emol eng Auszäit vum Futtball wéilt hunn.
Chers journalistes, bonsoir à tous,
Le FC Progrès Niederkorn vous informe que la décision a été prise de stopper la collaboration avec l’entraîneur principal de notre équipe fanion Roland Vrabec. Nous le remercions pour son professionnalisme et son apport au sein de notre club depuis son arrivée lors du mercato estival 2019.
Notre choix s’est porté sur le binôme composé de Stéphane Leoni et de Chadli Amri pour diriger notre équipe fanion. Vous trouverez en annexe leurs fiches descriptives respectives.
Ils seront accompagnés du fidèle Felipe Machado, au club depuis 7 saisons, qui poursuivra l’aventure en tant que coach des gardiens et de Ludovic Gerard qui occupera le poste de préparateur physique.