BundesligaDe VFL Wolfsburg féiert 2G-Regel an hire Stadionen an

RTL Lëtzebuerg
Vum 2. September un däerfe just nach Leit an de Stadion, déi géint de Covid-19 geimpft oder geheelt sinn.
© AFP (Archiv)

“No Recommandatioun vun der Stad Wolfsburg an de Gesondheetsautoritéiten hu mir dës Decisioun getraff. Mat der Ëmstellung op den 2G-System wëlle mir ee Beitrag am Kampf géint d’Pandemie leeschten”, sou de Veräin. Dëst gëllt net nëmme fir de Stadion vun de Männer, mee och fir dee vun de Fraen.

Domat ass de VFL Wolfsburg deen zweete Veräin aus der Bundesliga, dee sou Mesuren hëlt. Den 1. FC Köln huet dëst schonn Ufank August annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO