
De Yonas Kinde vum Celtic huet sech beim Marathon zu Frankfurt an enger Zäit vun 2 Stonnen 20 Minutten an 8 Sekonnen fir d’éischte Kéier de Lëtzebuerger Meeschtertitel geséchert. Bei der Victoire vum Kenianer Brimin Misoi gouf de Kinde de 15. an der Course. Aus Lëtzebuerger Siicht gouf de Podium bei de Männer vum Garry Assel a vum Scharel Lehners komplettéiert.
Bei den Dammen ass d’Anny Wolter als éischt Lëtzebuergerin an enger Zäit vun 2 Stonne 54 Minutten a 35 Sekonnen als 27. iwwert d’Arrivée gelaf. D’Victoire goung un d’Kenianerin Selly Kaptich.