Mir hunn an eisem Best Of 6 Matcher ënner 3 Nationaltrainer erausgesicht, déi Lëtzebuerger Sportgeschicht geschriwwen hunn.
Ugefaange mat der Victoire op Malta 1995, der éischter zanter 22 Joer. Et war d’EM-Campagne ënnert dem Paul Philipp, wou d’Rout Léiwen net nëmmen 10 Punkte kruten, mä och nach heiheem 1:0 géint Tschechien gewonnen hunn. De Gol koum vum Guy Hellers, deen 12 Joer méi spéit zu Gomel a géint d’Schwäiz vum Ottmar Hitzfeld remarkabel Succèse gefeiert huet.
2013 huet d’FLF Formatioun ënnert dem Luc Holtz géint Nordirland ee vun de beschte Matcher vun de Roude Léiwe gespillt huet, ier se sech 4 Joer drop géint de Weltmeeschter aus Frankräich en 0:0 erkämpft hunn.