
D’Olympesch Spiller also, fir all d’Sportler mat engem kierperlechen Handicap. Zwee Lëtzebuerger Athleten si mat derbäi. De Bommstousser Tom Habscheid, an d’Rennrollstull-Sprinterin Katrin Kohl.
D’Ouvertureszeremonie ass e Mëttwoch den Owend op de Champs Elysées, béid Lëtzebuerger droen do dann och de rout-wäiss-bloe Fändel.
Am paralympeschen Duerf gouf et en Dënschdegowend am Virfeld schonn eng Lëtzebuerger Receptioun, bei där, niewent der groussherzoglecher Koppel, och de Sportminister derbäi war.
Méi wéi zwou Milliounen Tickete goufen am Virfeld fir d’Paralympics scho verkaf. D’Katrin Kohl ass iwwregens nächste Mëttwoch, an hirer Serie gefuerdert. Den Tom Habscheid eréischt samschdes, de 7. September, also um zweetleschten Dag.
