
Ma wéi bei allem kann och ze vill Sport ongesond sinn, well een dem Kierper domat schuede kann. Virun allem vill Sportler, déi hire Sport op héchstem Niveau bedreiwen, sinn ëmmer nees mat Blessure konfrontéiert. Verschidde Blessure kann ee behandelen, mat anere muss ee säi Liewe laang eens ginn. Verschidde Blessure sinn dann och typesch fir verschidde Sportaarten, wéi den Dr Jacques Mehlen, Sportmedezinner an den Hôpitaux Robert Schuman, am RTL-Interview erkläert.Blessuren um Spronggelenk zum Beispill wiere méi heefeg bei Leefer a Basketspiller, iwwerdeems Kräizband-Blessure méi bei Futtball-Spiller zum Beispill optrieden.
“Allgemeng ginn et zwou Zorte vu Verletzungen am Sport: déi eng si méi akut, also Trauma, Accidenter an déi aner sinn éischter Verletzungen, déi iwwer Zäit optriede mat Iwwerlaaschtung, Feelbelaaschtung.”
Blessuren, datt de Sportler, säi Sport ganz muss opginn, sinn éischter rar, wéi den Dr Jacques Mehlen erkläert. Bei méi akuten, uerge Blessure kéint et éischter virkommen, datt de Sportler net méi deen Niveau erreecht, deen e virun der Blessure hat an da fir sech decidéiert, mam Sport opzehalen.
Den Eric Thillen ass ee vun de Sportler, déi et rezent haart getraff huet. Den 22 Joer alen Dëschtennis-Spiller ass nämlech gezwongen, fir no dëser Saison eng Paus op onbestëmmten Zäit anzeleeën. Dëst war natierlech eng emotional Decisioun.
Problemer mat der Hëft
De Spiller vum DT Berbuerg huet nämlech Problemer mat der Hëft. Deemno huet hien deels ëmmer extrem Péng a wann e weiderspillt, notzt d’Hëftgelenk ëmmer weider of. Eng Operatioun ass méiglech, et gëtt awer keng Garantie, dass et dono nees besser gëtt, wéi den Eric Thillen am RTL-Interview erzielt huet.
Dobäi hat de fréiere Spiller vum DT Gilsdref an DT Ettelbréck fréier ni Problemer mat der Hëft. Dës hunn eréischt de leschte September kuerz virun der neier Saison mat engem Stiechen an der Leescht ugefaangen. No e puer Traitementer beim Kiné sinn d’Péng dunn ufanks awer nach ewechgaangen. No ronn 6 Woche sinn d’Problemer dunn awer nees zeréckkomm an et ass dunn och mat all Belaaschtung ëmmer méi schlëmm ginn an och duerch d’Traitementer beim Kiné ass et déi Kéier net fortgaangen.
Ufank Januar ass den Eric Thillen dunn an den IRM gaangen, dat nach ëmmer mat der Hoffnung, datt et no der Paus Enn dës Joers nees géif besser goen, och wann e selwer awer gemierkt huet, datt mat sengem Kierper eppes net richteg stëmmt. Am IRM gouf dat dunn och confirméiert, wat natierlech e Schock fir de jonke Sportler war. De Message vum Dokter war nämlech kloer an däitlech, datt et ëmmer schlëmmer géif ginn, wann e senger Passioun weider géif nogoen.
“Eng sauer Kamell fir ze schlécken”
Dat ass natierlech haart ze akzeptéieren, wann ee gesot kritt, et géif ee mat deem Sport, deen een zanter der Kandheet mécht, säin eegene Kierper futtimaachen. Dat war och fir den Eric Thillen immens schwéier an och mental eng Belaaschtung. Dëst huet hien eegenen Aussoen no awer den Ëmstänn entspriechend gutt gemeeschtert kritt. “Et war awer natierlech eng sauer Kamell, fir ze schlécken”. Och d’Ënnerstëtzung vu Famill, Frënn, Teamkomeroden an dem Veräin wier hei immens staark gewiescht, wat him immens gehollef hätt, déi Zäit gutt ze iwwerstoen.

Anere Spiller ëm Rot gefrot
Dofir huet den Eric Thillen dunn och direkt de Christian Kill kontaktéiert, dee wéinst där nämmlechter Blessur och schonns seng Dëschtennis-Karriär un den Nol gehaangen huet. “Hien huet mer och gesot, dass ech ebe muss wëssen, dass dee Präis, deen ech dofir bezuelen, extrem héich ass an datt quasi näischt dat richteg rechtfäerdegt, egal wat fir e sportleche Succès ech elo hunn”, esou de Spiller vum DT Berbuerg am RTL-Interview.
“Déi physesch Péng bréngt halt och eng mental Péng mat”
Aktuell spillt den Eric Thillen mat senger Ekipp, dem DT Berbuerg, nach ëm de Championstitel mat. Den 22 Joer ale Sportler gëtt do natierlech nach eemol alles, fir eng Chance op den Titel ze hunn, ier en dann no der Saison ophält. Aktuell ze spillen, fält dem Eric Thillen awer net wierklech einfach. “Déi physesch Péng bréngt halt och eng mental Péng mat”, erkläert de Spiller vu Berbuerg. Dat engersäits, well ee weess, datt een net déi Leeschtung brénge kann, déi ee kéint bréngen, wann een honnertprozenteg fit wier, anersäits rutscht ee vun engem Lach an dat anert. An et géif sech och op d’Privatliewen auswierken, eppes wat net ze ënnerschätzen ass, esou den Eric Thillen am Interview.
Et verléiert een d’Confiance an den eegene Kierper
Wat nach dobäikënnt, wier, datt esouguer dann, wann d’Péng grad net do wieren, een d’Confiance a säin eegene Kierper verléiert. Dat well een ëmmer drun denkt, wat ka geschéien, wat ass beim nächste Ball? Deen Ament gëtt ee schonn eleng aus Angscht keng 100 Prozent méi.
Sportlech Zukunft
Wat dem Eric Thillen seng sportlech Zukunft ugeet, ass schwéier ze soen. Virun allem seng Zukunft am Dëschtennis steet aktuell an de Stären. Hie mécht no dëser Saison emol eng Paus a probéiert dann, seng Hëftmuskulatur e bëssen ze stäerken. Allgemeng geet et drëm, datt e laangfristeg e Kierper opbaue kann, dee Belaaschtung aushält. Deemno och Sportaarte maachen, wou d’Hëft net grad esou beusprocht gëtt.
“Wann et ëm d’Preventioun vu Verletzunge geet, geet et grondsätzlech ëm zwee Aspekter”, esou den Dr Jacques Mehlen. Deen ee wier, datt wann ee mat enger neier Sportaart ufänkt oder e Changement am Trainingsprogramm huet oder d’Intensitéit an d’Luucht setzt, datt een dat lues a lues steigert, fir dem Kierper d’Chance ze ginn, sech dorunner unzepassen. De Kierper géing eng gewësse Belaaschtung verdroen an doduerch, datt een dat lues a lues steigert, géing ee méi belaaschtbar ginn. Wann een de Pensum awer ze séier an d’Luucht setzt, riskéiert ee Blessuren duerch Iwwerlaaschtung.
Den zweeten Aspekt ass Trauma, respektiv Accidenter. Hei ginn et mëttlerweil vill Etüden, déi weisen, datt, wann een allgemeng e bëssen op Fitness, Kraafttraining schafft, dat eng gewësse Reduktioun u Blessure ka mat sech bréngen.
Verletzungsufällegkeet bei Hobby- an Héichleeschtungssportler
Wie sech méi blesséiert, wier allgemeng schwéier ze soen, well d’Grondviraussetzunge ganz anerer sinn, seet den Dr Jacques Mehlen. Méi Blessure géif et sécherlech bei den Hobbysportler ginn, dat géif awer ganz einfach och dorunner leien, datt et där vill méi ginn. Grondsätzlech géif een dovunner ausgoen, datt e Profi-Sportler vill manner ufälleg ass fir Blessuren, well säi Kierper d’Belaaschtunge besser verdréit, anerersäits maachen déi awer och méi a méi intensiv Sport, wat nees zu Iwwerlaaschtung féiere kann.
Allgemeng Tuyaue fir Hobbysportler
Den Dr Jacques Mehlen gëtt de Leit, déi eng nei Sportaart probéiere wëllen, de Rot mat un d’Hand, fir Leit, déi dee Sport maachen, ëm Rot ze froen. Am grousse Ganze wier bei allem a fir jiddereen awer nach ëmmer dat Wichtegst, datt een dem Kierper reegelméisseg Pause gëtt, datt de Kierper sech vun den Ustrengungen erhuele kann.