
Nodeems d’Sportjoer 2020 wéinst der Corona-Pandemie relativ roueg war, soll sech dat d’nächst Joer nees änneren. D’Joer 2021 huet sportlech esou munches ze bidden. Mir hunn déi international Highlights fir Iech zesummegefaasst.
Darts-WM zu London (Finall 03.01.)
Schisprangen: Véierschanzentournée (28.12.-06.01.)
Schi-Laanglaf: Tour de Ski (01.01.-10.01.)
Motorsport: Rallye Dakar a Saudi-Arabien (03.01.-15.01.)
Handball: WM vun de Männer an Ägypten (13.01. - 31.01.)
Cyclocross: WM zu Ostende (30.01.-31.01.)
American Football: Super Bowl zu Tampa/USA (07.02.)
Tennis: Australian Open (08.02.-21.02. nach net offiziell)
Schi Alpin: WM zu Cortina d’Ampezzo (08.02.-21.02.)
Biathlon: WM zu Pokljuka (09.02.-21.02.)
Nordesch Schi-WM zu Oberstdorf (23.02.-07.03.)
Dëschtennis: Team-WM a Südkorea (28.02.-07.03.)
Formel 1: WM-Optakt zu Melbourne (21.03.)
Futtball: Ufank vun der WM-Qualifikatioun 2022 an Europa (24.03.)
Vëlossport: Gent-Wevelgem (28.03.)
Vëlossport: Ronde van Vlaanderen (04.04.)
Vëlossport: Paris-Roubaix (11.04.)
Vëlossport: Amstel Gold Race (18.04.)
Vëlossport: Flèche Wallonne (21.04.)
Vëlossport: Léck-Baaschtnech-Léck (25.04.)
Volleyball: Champions-League-Finall (01.05.)
Vëlossport: Giro d’Italia (08.05.-30.05.)
Futtball: Champions-League-Finall vun den Dammen zu Göteborg (21.05.)
Basketball: Optakt vun den NBA-Playoffs (22.05.)
Tennis: French Open zu Paräis (23.05.-06.06.)
Futtball: Europa-League-Finall zu Danzeg (26.05.)
Futtball: Champions-League-Finall vun den Hären zu Istanbul (29.05.)
Futtball: EM an zwielef Stied (11.06.-11.07.)
Fechten: EM zu Plowdiw (15.06.-20.06.)
Dëschtennis: Eenzel-EM zu Warschau (22.06.-27.06.)
Vëlossport: Tour de France (26.06.-18.07.)
Tennis: Wimbledon zu London (28.06.-11.07.)
Olympesch Summerspiller zu Tokio, Japan (23.07. - 08.08.)
Reiden: EM am Sprangen, Riesenbeck (30.08.-04.09.)
Vëlossport: Vuelta (14.08.-05.09.)
Tennis: US Open zu New York (30.08.-12.09.)
Reiden: EM an der Dressur, Hagen/Osnabrück (07.09.-12.09.)
Vëlossport: WM op der Strooss an der Belsch (19.09.-26.09.)
Dëschtennis: Team-EM zu Cluj-Napoca (28.09.-03.10.)
Vëlossport: Mailand-Sanremo (06.10.)
Triathlon: WM op Hawaii (09.10.)
Turnen: WM a Japan (18.10.-24.10.)
Futtball: Enn vun der WM-Quali-Gruppephas an Europa (17.11.)
Tennis: Davis Cup zu Madrid (22.11.-28.11.)
Handball: WM vun de Fraen a Spuenien (02.12.-19.12.)
Formel 1: Finall vun der Saison zu Abu Dhabi (05.12.)
Stand: 31. Dezember 2020.