Coupe de LuxembourgDéifferdeng an Esch souverän weider

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch stoungen alleguer d'Partië vun der Aachtelsfinall an der Lëtzebuerger Coupe um Programm. Zwee Matcher goufen am Eelefmeterschéissen decidéiert.
© RTL / Fernando Bernardino

Resumé Coupe de Luxembourg vum Gilles Tricca

Den Tabellenéischten an der BGL Ligue, den FC Déifferdeng 03, huet sech kloer 3:0 beim FC Monnerech duerchgesat. Monnerech huet vun Ufank u keen Zougrëff op de Match fonnt a gouf vun Déifferdeng ënner Drock gesat. De Gäscht sinn am éischten Duerchgang zwee Goler op Feeler vum Monnerecher Golkipp gelongen. An der 64. Minutt huet Déifferdeng mam drëtte Gol de Sak zougemaach an huet souguer en Eelefmeter leie gelooss. E weidere Gol, dee verdéngt gewiescht wier, ass de Gäscht net méi gelongen.

Den amtéierende Champion Hesper ka sech knapp 3:2 zu Beetebuerg behaapten. De Favoritt vun Hesper louch zur Paus verdéngt 1:0 a Féierung, och wa Beetebuerg seng Saach gutt gemaach huet a kompakt stoung, awer ouni kloer Golchance blouf. No der Paus ass séier den 2:0 an den 3:0 fir de Swift gefall, mee Beetebuerg huet eng Reaktioun gewisen an den Éieregol markéiert. An der 80. Minutt gouf et nach eng Kéier spannend, wéi den Uschlossgol fir Lokalekipp gefall ass. Um Enn huet Hesper de Virsprong awer iwwer d’Zäit bruecht.

De Laf vun der Escher Jeunesse geet och an der Coupe weider. Am Minette-Derby bei der US Rëmeleng gewënnt den Tabellefënneften aus der BGL Ligue ouni Problem 5:0. Schonn an der Paus stoung et 3:0 zu Gonschte vun de Schwaarz-Wäissen, och well Rëmeleng net geféierlech virun den Escher Gol koum. Mat zwee séiere Goler nom Säitewiessel war d’Mass gelies. Rëmeleng hat um Enn vum Match e puer Golchancen, blouf awer ouni Reussite.

De Progrès Nidderkuer setzt sech um Enn kloer a verdéngt 3:1 bei Alisontia Steesel duerch. No der fréier Féierung vu Steesel huet Nidderkuer quasi am Géigenzuch reagéiert an ausgeglach a konnt nach virun der Paus den 2:1 markéieren. D’Haushären hu sech och an der zweeter Hallschent net verstoppt, mee Nidderkuer ass an der 64. Minutt den 3:1 gelongen, wat d’Virentscheedung am Match war. Um Enn huet de Progrès de Match souverän zu Enn gespillt.

Zu Weiler war et e richteg spannende Match, mat dem besseren Ausgang fir d’Lokalekipp. Weiler gewënnt den Duell vun den Éierepromotionisten 3:2 géint Kanech. No zwee Feeler vu béide Golkipper stoung et zur Paus 1:1. No engem wonnerschéine Schoss an de Wénkel vum Desevic louch Weiler 2:1 vir. An der 89. Minutt konnt Kanech no engem weidere Feeler vum Weiler Golkipp nach virum Schlusspëff ausgläichen. Knapps war d’Verlängerung ugepaff, scho louch de Ball am Filet vu Kanech. An der 103. Minutt hätt Weiler de Sak mat engem Eelefmeter definitiv zoumaache kënnen, mee de Perkovic huet de Ball un de Potto gesat.

D’US Hueschtert geheit de Racing mat 1:0 aus der Coupe. An enger duerchwuessener éischter Hallschent koum vu béiden Ekippen net vill Zielbares. Nom Säitewiessel hat Hueschtert méi vum Match an och eng Rei gutt Golchancen, déi awer net belount goufen. Vum Racing war quasi näischt ze gesinn. An der 113. Minutt sollt den decisive Gol fir Hueschtert falen.

Munneref setzt sech am Eelefmeterschéisse 5:3 zu Schëffleng duerch. An der 18. Minutt war d’Heemekipp duech de Mabanza a Féierung gaangen an huet dës Féierung bis zur Paus gehalen. D’Munnerefer haten am éischten Duerchgang Problemer an de Match ze kommen. An der zweeter Hallschent gouf et laang Zäit keng Golchancen, well sech vill am Mëttelfeld ofgespillt huet. An der 80. Minutt konnt Munneref ausgläichen. Well an der Verlängerung op béide Säite kee Gol gefall ass, ass de Gewënner am Eelefmeterschéissen ermëttelt ginn, mam besseren Enn fir Munneref.

Stroossen eliminéiert den Éischtdivisionär FF Norden eréischt no Eelefmeterschéisse 5:3 a steet an der nächster Ronn vun der Coupe de Luxembourg. Déi éischt Hallschent hat vill ze wënschen iwwereg gelooss. Ouni eng wierklech kloer Golchance goung et an d’Kabinnen. Dat sollt sech an der zweeter Hallschent séier änneren. D’Gäscht vu Stroossen ware mat vill Elan aus de Kabinne komm, mee et huet bis zur 83. Minutt gedauert, bis si belount goufen. Den FF Norden huet sech awer déi ganz Zäit iwwer net verstoppt a konnt an der 95. Minutt nach ausgläichen. An der Verlängerung gouf et bis op eng gutt Golchance fir Stroossen keng interessant Zeenen, soudass et an d’Eelefmeterschéisse goung, wou sech Stroossen duerchsetze konnt.

Den Detail vun de Matcher fannt Dir am Liveticker vun der RTL Live-Arena.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO