D’Jeunesse Esch klappt den FC Déifferdeng 4:3 a füügt dem Tabelleleader domat déi éischt Néierlag an der Saison zou. Beim 1:0 an der 34. Minutt konnt d’Jeunesse vun engem Eegegol vum Déifferdenger Brusco profitéieren, wat och net onverdéngt war, well déi Escher besser am Match waren an déi besser Golchancen haten. Mat dësem Resultat goung et och an d’Kabinnen.
Déi éischt fënnef Minutten no de Paus haten et a sech. Fir d’éischt konnt Déifferdeng an der 47. Minutt den Ausgläich schéissen, duerno huet den Escher Teixeira sech an der 52. Minutt en Häerz geholl an de Ball vum Mëttelkrees aus an de Gol bugséiert. Den Déifferdenger Golkipp stoung ze wäit viru sengem Gol. De Brusco konnt an der 78. Minutt säin Eegegol nees guttmaachen an huet Déifferdeng zum tëschenzäitlechen Ausgläich geschoss. Uschléissend huet d’Jeunesse vun zwee grave Feeler an der Déifferdenger Defense profitéiert an zweemol de Ball am Filet ënnerbruecht. An der Nospillzäit konnt Déifferdeng nach eng Kéier verkierzen, huet sech um Enn awer musse geschloe ginn.
Den F91 Diddeleng huet sech beim 4:3 géint Stroossen keng Bléisst ginn an ass nees an der Spuer. Den Hadji konnt d’Heemekipp direkt mat der éischter Aktioun a Féierung schéissen a kuerz drop huet se vun engem Eegegol profitéiert. Obwuel Diddeleng de Match am Grëff hat, ass Stroossen den Uschloss gelongen. Stroossen hat an der 60. Minutt den Ausgläich um Fouss, mee de Shala huet den Eelefmeter net kënnen notzen. Kuerz drop huet den Hadji säin zweete Gol geschoss. Mam 4:1 war de Match eigentlech gelaf, mee Stroossen huet net opginn a konnt de Ball nach eng zweet an eng drëtt Kéier de Filet ënnerbréngen.
De Swift Hesper huet sech géint Monnerech misse mat engem Punkt zefridde ginn a geet mat engem 1:1 vum Terrain. An den éischte 45 Minutte sollt kee Gol um Holleschbierg falen, obwuel de Swift héichkaräteg Chancen hat. Hesper huet no der Paus esou weidergemaach, hat awer weiderhin net dat néidegt Gléck. Dunn ass Monnerech iwwerraschend no engem Solo vum Delgado, deen de Fleury am Strofraum gesinn hat, a Féierung gaangen. Hesper huet de Kapp awer net hänke gelooss a koum nach zum verdéngten Ausgläich.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Jeunesse Esch - Déifferdeng 4:3
1:0 Brusco (34', Eegegol), 1:1 Pruzzo (47'), 2:1 Teixeira (52'), 2:2 Brusco (78'), 3:2 Mendes (83'), 4:2 Mendes (85'), 4:3 D’Anzico (90'+3)
Diddeleng - Stroossen 4:3
1:0 Hadji (7'), 2:0 Schütte (15', Eegegol), 2:1 Bernardelli (29'), 3:1 Hadji (65', Eelefmeter), 4:1 Moussaki (76'), 4:2 Shala (82'), 4:3 Shala (90'+1)
Hesper - Monnerech 1:1
0:1 Fleury (75'), 1:1 Lasme (87')
Schëffleng - Käerjeng 0:1
0:1 Albanese (86')
Rouspert - Fola Esch 2:3
0:1 Flick (8'), 1:1 Rodrigues (29'), 1:2 Ekeberg (55'), 2:2 Bouché (83'), 2:3 Flick (90'+5)
Miersch - Munneref 1:4
0:1 Bourigeaud (29'), 0:2 Benamra (33'), 0:3 Benamra (45'), 0:4 Neves Da Costa (48'), 1:4 Gomes (64', Eelefmeter)
Péiteng - Racing0:3
0:1 Dewalque (28'), 0:2 Tinelli (69'), 0:3 Rastoder (87')
Nidderkuer - Wolz 3:0
1:0 Mazure (46'), 2:0 Jarmouni (85'), 3:0 Lhery (90'+3)