
E Samschdeg stoungen déi éischt dräi Partien vum 18. Spilldag an der BGL Ligue um Programm.
Déifferdeng – Nidderkuer 2:0
Gespaant hunn déi 1.880 Spectateuren dierfen op den Optrëtt vun Déifferdeng ënnert der Leedung vum neien an alen Trainer Paolo Amodio sinn. Ganz brisant war dann och seng éischt Partie, déi direkt géint den Noper vun Nidderkuer gaangen ass. Esou huet den FCD 03 dann och mat vill Jus no vir ugefaangen, ouni datt awer ee Gol sollt bei den Offensiv-Aktiounen eraussprangen.
Nidderkuer ass dunn erwächt an huet sou lues an de Match fonnt. Kuerz virun der Paus ass awer d’Heemekipp net onverdéngt mat 1:0 duerch de Caron a Féierung gaangen.
No der Paus war et een zimlech hëtzege Match, dee souguer kuerz vum Arbitter huet missen ënnerbrach ginn, well Géigestänn op den Terrain geflu sinn. Déifferdeng huet sech dovun awer net oflenke gelooss an an der 80. Spillminutt op 2:0 erhéicht - Buteur war de Muratovic.
No den 90 Minutte stoung dann och ee verdéngte Succès fir d’Déifferdenger am Derby um Tableau d’Affichage.

Munneref – Péiteng 4:1
Péiteng hat zu Munneref nawell staark ugefaangen an de Géigner fréi hannendra gedrängt. An der 19. Minutt huet sech aus der Péitenger Dominanz een 1:0 verwandelt, dat wéi de Sawaneh de Score opgemaach huet. Duerno huet Titus awer nogelooss an d’Lokalekipp koum ëmmer besser an de Match, ouni awer ee Gol ze markéieren.
Ganz geckeg waren dunn déi éischt 10 Minutten nom Téi. De Péitenger Spiller Peixoto huet an der 49. déi rout Kaart gesinn; direkt duerno an der 55. an an der 58. Spillminutt huet Munneref du markéiert. Et waren den Hégué an de Scanzano, déi de Match dréie konnten.
Déi 401 Spectateuren hunn am Verlaf vun der Partie zwou weider rout Kaarte fir d’Gäscht gesinn. An der 72. Minutt ass den Abreu an an der 80. den Da Mata vum Terrain geflunn.
Ee richtege Spillfloss ass bei der Gaaschtekipp net méi opkomm, soudatt Munneref souguer nach den drëtten an de véierte Gol schéisse konnt. Et war all Kéiers de Martins, dee fir seng Faarwe markéiert huet.
Domat konnten déi Munnerefer dräi wichteg Punkte sammelen, Péiteng huet an der Réckronn iwwerdeems fir d’éischte Kéier Punkte leie gelooss.

Diddeleng – Stroossen 1:1
De Gaascht vu Stroossen spillt dës Saison eng flott Serie an konnt ëmmer nees géint déi favoriséiert Ekippen iwwerzeegen. Diddeleng ass iwwerdeems uewe gutt mat dobäi a wollt déi zolidd Leeschtung aus de leschte Matcher bestätegen. Vun där gudder Form vu béiden Ekippe war an der Ufanksphas awer wéineg ze gesinn. Bis op eng gutt Golchance an der 18. Spillminutt fir Diddeleng ass et gréisstendeels roueg zougaangen: den F91 huet de Ball dréine gelooss an d’UNA huet op Kontere gelauert.
D’Lokalekipp huet no der hallwer Stonn Spillzäit awer du méi op de Gas gedréckt an ass schliisslech kuerz virum Téi an der 42. Minutt duerch de Couturier a Féierung gaangen.
Am 2. Duerchgang huet Diddeleng et awer du verpasst, fir de Sak mat engem 2:0 zouzemaachen. Esou konnt Stroossen an der 78. Spillminutt duerch de Runser mat 1:1 ausgläichen. Viru 550 Leit huet d’Ekipp vum Ralph Schon eng couragéiert Leeschtung op den Terrain bruecht, soudatt ee Remis duerchaus verdéngt gewiescht wier.
An de Schlussminutte konnt keng Ekipp der Partie nach de Stempel opdrécken, soudatt et beim 1:1 bliwwen ass.