Déifferdeng klappt de Verfollger Hesper2:0 a kënnt sengem éischte Meeschtertitel ëmmer méi no. No enger morer éischter Hallschent huet sech de Match virun allem am Mëttelfeld ofgespillt a war duerch Fouls gepräägt. D’Spectateuren hu just en Distanzschoss vum Abreu a vum Sinani op de jeeweilege Gol gesinn, méi awer och net. Wat an den éischte 45 Minutten u Spillfloss gefeelt huet, kruten d’Spectateuren ab der 60. Minutt presentéiert. No e puer méi ongeféierleche Versich ass den Distanzschoss vum Rauch am Filet gelant an et stoung 1:0 fir Déifferdeng. Zéng Minutte méi spéit louch de Ball nees am Hesper Filet; dës Kéier war den Nagera de Buteur. Duerno war de Match gelaf an Hesper huet méi vill investéiert.
Nidderkuer muss am Kampf ëm Plaz 2 e Réckschlag verkraaften a kann net vun der Hesper Néierlag profitéieren. Am Auswäertsmatch beim Ofstigskandidat Monnerech gouf et eng 1:2-Néierlag, wouduerch Monnerech provisoresch op eng Netofstigsplaz spréngt. Nom 1:0 an der 7. Minutt huet et laang gedauert, bis d’Spectateuren nees eng Golchance fir eng vun de Formatioune ze gesi kruten. Nom Säitewiessel huet Monnerech fir d’éischt op 2:0 erhéicht, mee am Géigenzuch huet Nidderkuer den Uschloss markéiert. An de leschte Minutten huet Nidderkuer nach probéiert, fir awer op d’mannst ee Punkt mat heem ze huelen, dat sollt hinnen awer net méi geléngen.
Den Detail vun de Matcher kënnt Dir an der RTL Live Arena nokucken.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
FC Déifferdeng 03 - Swift Hesper 2:0
1:0 Rauch (68'), 2:0 Nagera (78')
FC Monnerech - Progrès Nidderkuer 2:1
1:0 Delgado (7'), 2:0 Klapp (61'), 2:1 Bah (62')
Jeunesse Esch - Marisca Miersch 3:1
1:0 Arénate (11'), 1:1 Varela (42'), 2:1 Arénate (60'), 3:1 Almeida (88')
US Munneref - Union Titus Péiteng 2:1
1:0 Bourigeaud (13'), 2:0 Abdelkadous (31'), 2:1 Muratovic (53')