Déifferdeng ass spéit erwächt am Match a wënnt schlussendlech kloer mat 4:1 géint den Opsteiger vu Mamer.
Déifferdeng ass ganz dominant an de Match gestart an huet d’Heemekipp an der eegener Hallschent agekesselt. Déi grouss Chance duerch de Franzoni hu se awer an der 11. Minutt ausgelooss. No an no ass Mamer ëmmer besser an de Match komm an hat zwou grouss Chancen duerch de Jager an de Montout an der 33. a 35. Minutt ze verzeechnen. Déifferdeng huet sech offensiv méi schwéier gedoen an hunn den Zoch zum Gol vermësse gelooss.
No der Paus huet et Déifferdeng weider offensiv u Kreativitéit gefeelt. Réischt nom 1:0 fir Mamer duerch en Eelefmeter vum Jager an der 68. Minutt ass Déifferdeng erwächt a konnt, och duerch d’Awiesselunge vu weideren offensive Spiller, de Match bannent enger Minutt duerch Goler vum Hadji a Buch dréinen. An der Nospillzäit hu se dann nach zwee weider Goler duerch de Jakobi a Buch drop gesat.
E battert Resultat fir Mamer, déi staark gekämpft a méi verdéngt gehat hätten.
Den Detail vun alle Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater