BGL LigueDéifferdeng wënnt kloer zu Schëffleng, Hesper verléiert géint Munneref

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et Victoirë fir Stroossen, Diddeleng, Nidderkuer a Rouspert. E Remis tëscht Wolz an der Fola hëlleft kenge vu béiden Ekippen am Ofstigskampf.

Um Sonndeg stoung de 24. Spilldag am nationale Futtball um Programm.

Déifferdeng huet sech opgrond vun enger staarker 2. Hallschent verdéngt mat 4:0 zu Schëffleng duerchgesat.

Resumé vum Match Schëffleng géint Déifferdeng
Déifferdeng huet de Match souverän gewonnen.

11 Minutten huet et tëscht Schëffleng an Déifferdeng gedauert, bis den éischte Gol gefall war. Den Tabelleleader FCD war duerch den Trani a Féierung gaangen an dat mat der éischter richteger Chance an dëser Partie. Den Trani hat sech en Häerz gefaasst an aus Ronn 20 Meter dropgehalen. De Ball goung ënne lénks an den Eck, keng Chance fir de Conti am Gol. Dësen Treffer huet de Match e bëssen op d’Kopp gestallt. Déi Schëfflenger, déi an der Ufanksphas nach gutt dogéint gehalen hunn, koume guer net méi no vir an Déifferdeng hat no 27 Minutten nach bal op 2:0 erhéicht, de Schoss vum Nagera ass awer laanscht d’Këscht gaangen. Dono ass d’Partie awer e bëssen ofgeflaacht an déi grouss Chancë si virun der Paus ausbliwwen. Nom Säitewiessel huet de Favorit Gas ginn an de Match tëschent der 50. an der 62. Minutt mat 3 Goler entscheet. Den Abreu hat den zweete Gol markéiert, ier de Brusco an der 59. Minutt op 3:0 erhéicht huet. De 4. Gol goung op de Kont vum Jorginho no engem Eelefmeter. Dono huet Déifferdeng weider no vir gespillt, bei de Schëfflenger war d’Loft awer raus. Et sollt awer kee weidere Gol falen. Déifferdeng bleift un der Tabellespëtzt an huet 6 Punkten Avance op den F91 Diddeleng. Schëffleng bleift weider am Tabellekeller stiechen.

Hesper huet doheem 1:2 géint Munneref verluer.

An der 1. Hallschent huet Munneref gutt verdeedegt an Hesper ass ausser duerch eng Chance vum Stolz net geféierlech virun de Gol komm. Nom Säitewiessel hunn d’Gäscht d’Häerz an d’Hand geholl a konnten duerch de Kumbi a Féierung goen. Kuerz drop krut de Sacras vun Hesper no engem Feeler am Strofraum déi giel-rout Kaart gewisen. De Bekkouche huet den Eelefmeter eragesat an et stoung 2:0. An der 70. Minutt gouf et e Penalty op der anerer Säit, deen den Holzhauser awer verschoss huet. Et gouf awer Corner, deen de Lasme no enger gudder Virlag vum Holzhauser erakäppe konnt. Hesper huet bis zum Schluss alles probéiert, e weidere Gol ass awer net méi gefall.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Jeunesse Esch - Una Stroossen 1:2
0:1 Correia Mendes (8'), 0:2 Correia Mendes (15'), 1:2 Kack (65')

Marisca Miersch - F91 Diddeleng 3:4
0:1 Moussaki (23'), 0:2 Hadji (50'), 1:2 Bresch (53', Eelefmeter), 1:3 Hadji (55'), 2:3 Varela (64'), 3:3 Bresch (74'), 3:4 Moussaki (90+4')

FC Schëffleng - FC Déifferdeng 0:4
0:1 Trani (11'), 0:2 Abreu (50'), 0:3 Brusco (59'), 0:4 Costa Monteiro (Jorginho) J. (62', Eelefmeter)

Swift Hesper - US Munneref 1:2
0:1 Kumbi (56'), 0:2 Bekkouche (60', Eelefmeter), 1:2 Lasme (73')

Union Titus Péiteng - UN Käerjeng 1:1
0:1 Baldé (16', Eelefmeter), 1:1 Seck (75')

Victoria Rouspert - FC Monnerech 2:1
1:0 Redekop (8'), 2:0 El Idrissi (37'), 2:1 Spruds (70', Selbstgol)

Progrès Nidderkuer - Racing Lëtzebuerg 2:1
1:0 Mixtur (23'), 2:0 Bah (71'), 2:1 Rastoder (89')

FC Wolz - Fola Esch 1:1
1:0 Schroeder (4'), 1:1 Ekeberg (52')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO