
No den Tëschefäll beim Match tëscht dem FC Déifferdeng an dem Racing Lëtzebuerg, huet d’FLF um Donneschdeg d’Strofe bekannt ginn, déi gesprach goufen.
3 Spiller vun Déifferdeng haten eng rout Kaart kritt a kruten dofir ënnerschiddlech Strofen:
GUEDES PEREIRA JOAO CRISTIANO - 79777, article $98/2#4 (tentative de voie de fait), 6 journées off, + art. 83: 50€
OLIVEIRA GARRIDO DANIEL - 90296, article $98/2#6 (voie de fait avec blessure), 14 journées off, + art. 83: 150€
DA ROCHA CARDOSO FILIPE MANUEL - 92291, article $98/2#5 (voie de fait), 10 journées off, + art. 83: 100€
Dobäi kommen dann awer och nach administrativ Strofen:
- Wéinst onsportlechem Verhalen krut de Veräin eng Strof vu 750€.
- Well mat Géigestänn geschoss gouf: 750€.
- Infraktioune géint d’Statuten an d’Reglementer vun de Clibb an hire Memberen: 350€
- Well de Match net anstänneg konnt gespillt ginn: 179,5€.
Domat chiffréiere sech déi finanziell Strofen op 2329,5 Euro.
D’Futsal-Ekipp vum FC Déifferdeng 03 gëtt donieft nach bis den 31. August 2019 gespaart an de Stater Racing gewënnt mat 3:0 duerch Forfait.
Am Championnat dobaussen an der 1. Divisioun war et Enn Abrëll jo eng Massekläpperei bei der Partie Beetebuerg géint Kayl-Téiteng ginn. Do heescht de Verdikt en duebele Forfait.
An da war et de leschte Sonndeg eng Kläpperei nom Match Wëlwerwolz géint Ëlwen an der drëtter Divisioun. Hei gouf vum Verbandsgeriicht eng Enquête opgemaach, an zwee Spiller vun Ëlwen goufe bis op Weideres gespaart.