
Obwuel e sech e Feeler erlaabt huet, ass et nach duergaange fir ze gewannen, well en duerch seng leeferesch Leeschtung op den 10 Kilometer déi verlueren Zäit nees konnt eranhuelen. Fir den Norweger war et déi 4. Victoire am 4. Sprint vun dëser Weltcup-Saison.
Plaz 2 geet u säi Brudder Tarjei, deen allerdéngs ouni Feeler duerch de Parcours komm ass. En hat op der Arrivée trotzdeem e Retard vun 48,1 Sekonnen.
Plaz 3 geet dann un e weideren Norweger, dat a Persoun vum Sturla Holm Laegreid, deen um Enn 1 Feeler op sengem Kont stoen hat, a 55,6 Sekonne Réckstand op de Gewënner.