8 nei Spillerinnen nominéiertDen Dan Santos huet de Kader fir d'Nations League Matcher presentéiert

Tom Hoffmann
No den Hären ass och d'Futtballnationalekipp vun den Dammen nees geschwënn an der Nations League am Asaz.
Den Dan Santos huet de Kader fir d'Nations League Matcher presentéiert
No den Hären ass och d’Futtballnationalekipp vun den Dammen nees geschwënn an der Nations League am Asaz.

An engem 3er-Grupp heeschen d’Géignerinne vun de Roude Léiwinnen Albanien an Estland.

Den Dan Santos huet de Kader fir d'Nations League Matcher presentéiert
No den Hären ass och d’Futtballnationalekipp vun den Dammen nees geschwënn an der Nations League am Asaz.

Den Dammen-Nationaltrainer Dan Santos huet en Donneschdeg de Moie säi Kader fir d’Partie de 5. Abrëll am Stade Emile Mayrisch géint Albanien bekannt ginn. Par rapport zu de leschte Matcher géint Georgien a Litauen goufen aacht nei Spillerinnen nominéiert.

D’Kapitänin Laura Miller an d’Eva Fernandes sinn no hire Blessuren nees zeréck am Kader. Donieft kënne sech ënner anerem d’Rita Leite, Gwendy Merlevede, Ella Schmit an Eva Marinelli iwwert hir éischt Selektioun freeën. D’Emma Kremer an d’Amy Thompson sinn dogéint ugeschloen. Den Nationaltrainer hofft, si fir de Match dobäi ze hunn:

“Beim Laura Miller hunn ech d’Hoffnung, datt hatt kann ufänken an da kucke mir, wéi laang hatt et packt. Dat gesi mir dës Woch am Training. Beim Amy Thompson kann et sinn, datt hatt net ufänkt, mee vun der Bänk kënnt. Si hunn individuell, mam Veräin a mat eis zesumme gutt geschafft an ech sinn optimistesch, datt si hir Minutte kréien an eis kënnen hëllefen.”

Mat engem Duerchschnëttsalter vun 21 Joer gëllt et fir d’Ekipp vum Dan Santos virun allem emol Erfarungen ze sammelen. Zum Optakt heescht de Géigner Albanien. Eng Ekipp, déi elo vun der Liga B an d’C ofgestigen ass.

Dan Santos: Et geet drëm, Erfarung ze kréien

En Donneschdeg ëm 14 Auer goungen d’Tickete fir den Heemmatch géint Albanien an de Verkaf.

De 4. Juni spillt d’Ekipp vum Dan Santos an Albanien, ier et dann den 12. a 16. Juli heiheem, respektiv auswäerts, géint Estland geet.

PDF: De Kader vun de Roude Léiwinnen

Back to Top
CIM LOGO