Schi AlpinDen Dave Ryding gewënnt iwwerraschend de Slalom zu Kitzbühel

RTL Lëtzebuerg
Domat huet de 35 Joer ale Sportler englesch Sportgeschicht geschriwwen. Nach ni virdru konnt sech e Britt eng Victoire bei engem Weltcup sécheren. 
© AFP

Bei den Hären ass e Samschdeg de prestigträchtege Slalom zu Kitzbühel um Ganslernhang gefuer ginn. Bei schwéiere Wiederkonditiounen a staarkem Schnéifall huet sech um Enn den Dave Ryding géint seng Konkurrenz duerchgesat a gewënnt domat seng 1. Weltcupcourse a senger Karriär. Op déi 2. Plaz fiert mat engem Retard vun 0,38 Sekonnen den Norweger Lucas Braathen. Déi leschte Plaz um Podium ass fir den Henrik Krisoffersen (+ 0,65 Sekonnen), deen nom 1. Duerchgang nach op der 24. Plaz louch an domat 22. Plaze gutt konnt maachen.

Iwwerdeems huet bei den Dammen d’Sofia Goggia d’Descente zu Cortina d’Ampezzo fir sech entscheet. Och hei misste sech d’Athletinne mat schwierge Konditiounen auserneesetzen. Bei vill Wand klasséiert sech d’Éisträicherin Ramona Siebenhofer op der 2. Plaz (+0,20 Sekonnen). Drëtt gëtt Tschechin d’Ester Ledecka mat 0,26 Sekonne Retard.

Back to Top
CIM LOGO