
De 34 Joer ale spuenesche Weltmeeschter, deen no der Defaite e Samschdeg den Owend, um Enn vu sengem Kontrakt no 10 Joer bei Manchester City ukomm war, huet beim Real Sociedad ee Kontrakt vun 2 Joer ënnerschriwwen.
D’Nouvelle koum onerwaart. Ekippe wéi Valencia, Lazio Roum, Betis Sevilla a souguer Inter Miami goufen als potentiell Ekippe genannt, mä de Real Sociedad, 6. vun der Liga an der Saison 2019/2020, huet iwwerrascht an den Transfert confirméiert.
Den David Silva soll am Mëttelfeld vum Real Sociedad de Martin Odegaard ersetzen, deen zeréck bei Real Madrid geruff gouf, obwuel hien nach ee weidert Joer sollt ausgeléint bleiwen.
Manchester City hat e Méinden annoncéiert, dass 2021 eng Statue vum David Silva beim Stadion soll opgeriicht ginn. De Spuenier huet 436 Matcher fir City gespillt a 14 Titele gewonnen.