
Den Dejvid Sinani wiesselt vum Stade Emile Mayrisch an de Stade Jos Nosbaum bei den F91 Diddeleng.
Virdrun hat dem Dejvid säi Brudder, Danel schonn an der Forge du Sud gespillt, éiert hie Profi gouf. De Cédric Sacras spillt d‘nächst Saison och net méi bei deene Rout-Wäisse vun Esch.
De Lénksverdeedeger gëtt jo um Hesper Holleschbierg gehandelt. De Sacras war a senger Jugend beim Swift forméiert ginn.