
De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller Dirk Carlson huet e Sonndeg de Moien e Profikontrakt zu Karlsruhe ënnerschriwwen. Den 21 Joer ale Lénksverteideger war lo déi lescht 2 Saisone bei de Grasshoppers vun Zürich.
De KSC ass dëst Joer nees vun der drëtter an déi zweet Bundesliga opgestigen.