BGL LigueDen F91 verléiert mat 0:1 géint Péiteng

RTL Lëtzebuerg
An der héchster Divisioun vum nationale Futtball-Championnat war e Samschdeg de Mëtteg den Optakt vum 20. Spilldag.

F91 Diddeleng - Union Titus Péiteng 0:1
0:1 Tekiela (71')

Am Spëtzematch vum Spilldag war den F91 an der Ufanksphas déi besser Ekipp, ma dunn ass och Péiteng besser an de Match komm. Et war eng Partie mat ville giele Kaarten, awer ouni allze vill geféierlech Occasiounen op béide Säiten, soudass et mat 0:0 an d’Kabinne gaangen ass.

No der Paus waren déi Péitenger offensiv méi beméit a konnte sech no der giel-rouder Kaart fir den Diddelenger Stumpf och belounen. De folgende Fräistouss konnt nämlech vum Fox am Diddelenger Gol net richteg gekläert ginn an ass beim Tekiela gelant, deen no 71 Minutte just nach huet missen akäppen. Kuerz viru Schluss war de Ball zwar nach eemol am Filet vun de Visiteuren, et war awer virdrun op Abseits decidéiert ginn. Domat setzt Péiteng sech knapps beim F91 duerch, deen also net bis e Sonndeg laanscht Hesper un d’Tabellespëtzt sprange kann.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO