
Am Duell vun den 2 Hamburger Veräiner gouf et um Enn kee Gewënner. Den FC St. Pauli konnt dem HSV déi éischt Punkten dës Saison klauen. Den HSV war an der 12. Minutt duerch den Terrode mat 1:0 a Féierung gaangen. De Zalazar konnt an der 35. Minutt fir St. Pauli ausgläichen.
Um Enn vum Match gouf et nach emol spannend. De Makienok huet nämlech an der 82. Minutt de Féierungstreffer fir St. Pauli geschoss an et huet no enger Iwwerraschung ausgesinn. D’Freed war awer net vu laanger Dauer, well den Terrode konnt nëmmen 2 Minutten drop mat sengem zweete perséinleche Gol op 2:2 ausgläichen.
Den HSV bleift domat no 6 Spilldeeg mat 16 Punkten un der Tabellespëtzt.
Am zweete Match vun Owend hat d’Fortuna Düsseldorf den 1. FC Heidenheim op Besuch. Düsseldorf hat 3 Matcher hannerteneen net gewonnen a stoung domat géint Heidenheim liicht ënner Drock. Deem Drock ware se awer gewuess. Duerch e Gol an der 33. Minutt vum Sobottka gewënnt Düsseldorf mat 1:0 a feiert domat déi 2. Victoire fir dës Saison.