FuttballDen Iwwerbléck vun de Reegelännerungen

RTL Lëtzebuerg
Vun der neier Saison u gëllen am internationale Futtball verschidden nei Reegele. Der Fifa no ginn dës virgeholl fir d'Sportaart weider attraktiv ze halen.

Den zoustännege Gremium fir d’Reegele vun der Fifa, kuerz IFAB, huet net manner wéi 7 Changementer virgeholl.

Reegelännerungen am Futtball/Reportage Max Kerschen

Den Händs huet a leschter Zäit fir zimlech vill Opreegung gesuergt, aus deem Grond ass dës Reegel nach eng Kéier iwwerschafft ginn. Souwuel am offensive wéi am defensiven Aspekt ginn et Changementer. De President vun der Lëtzebuerger Arbittesch-Kommissioun, Charles Schaack erkläert: “Offensiv: Soubal de Ball bei enger Golchance widder d’Hand spréngt, gëtt d’Aktioun d’office vum Arbitter ofgepaff. Defensiv: Soubal d’Kierperfläch onnatierlech vergréissert gëtt, muss den Arbitter dës Aktioun ahnden.

Déi grouss Neierung vun dëser Saison ass de Fait, dass net nëmmen d’Spiller, déi um Terrain stinn eng giel, respektiv rout Kaarte kënne kréien, mee och all déi Persounen, déi op der Bänk setzen. All déi Leit, déi op der Feuille de match stinn, kënne bestrooft ginn.

Bei den Auswiesselunge muss de Spiller den Terrain elo och net méi op der Mëttellinn verloossen, mä op der nooster Plaz.

An Zukunft ass och den Arbitter keng Loft méi, wann den Arbitter ugeschoss gëtt, gëtt et direkt Schiidsrichterball.

Bei der Fräistoussmauer gouf et och ee grousst Changement. D’Spiller vun der Ekipp, déi de Fräistouss schéisst, mussen op d’mannst 1 Meter vun der Mauer ewechbleiwen.

Beim Eelefmeter muss de Golkipp an Zukunft och just nach mat engem an net méi mat zwee Féiss op der Linn stoebleiwen. Dobäi kënnt dann nach eng aner gréisser Ännerung fir de Golkipp, de Spiller, deen de Ball unhëlt, muss net méi ausserhalb vum Strofraum stoen.

Domadder sidd der elo gutt gerëscht fir déi nei Saison, déi dëse Weekend an der BGL League nees ufänkt.

Back to Top
CIM LOGO