
Den Dan Santos ass den neie Lëtzebuerger Damme-Futtballnationaltrainer. Am Juli geet et richteg lass, lo stinn awer schonn eng ganz Rei Preparativen un. De fréieren Trainer vun ënnert anerem dem RM Hamm Benfica, war d’lescht Saison Co-Trainer vum Manuel Cardoni bei den U-21 an U-19 Nationalekippen.
Lo virun e puer Wochen hat den Dan Santos dunn e Gespréich mam FLF-President Paul Philipp, iwwert de Futtball am allgemengen: “Du hu mer och iwwert den Dammefuttball geschwat. Hien huet mer och ze verstoe ginn, datt hien net ganz zefridde war, wéi et am Moment am Dammefuttball leeft. Dunn huet hie gefrot, ob ech net e Projet wéilt ausschaffen an et dann och selwer maachen. An dunn hunn ech dat och ugeholl, well et en interessante Projet ass. Den Alldag vum Nationaltrainer ass awer e bëssen anescht, wéi et fir mech bis elo war, ech sinn och nach souzesoen Directeur Technique vun den Dammen. Et sinn nach 4 Traineren do a mir hunn dann d’Detektioun U-14, U-16 an d’A-Ekipp. Do gëtt 4 Mol d’Woch trainéiert. All Kategorie wäert minimum 2 Mol d’Woch Training hunn.”
Haaptberufflech schafft den Dan Santos awer nach ëmmer an der Spidolswäscherei zu Schraasseg. D’Futtballschoul vun de Dammen trainéiert an Zukunft ënnert anerem och zu Monnerech, méi dozou den Owend um 20 op 6 am FLF-Magazin.