
De Lëtzebuerger Investisseur Flavio Becca wëll elo emol déi nächst Wochen ofwaarden ob eng Zesummenaarbecht mat den neie Membere méiglech ass, fir sech finanziell weider ze engagéieren.
Den FCK, 4-fachen däitsche Champion, ass an der gréisster Kris vu senger Veräinsgeschicht. Ouni Investor ka Kaiserlautern am Profifuttball op Dauer net iwwerliewen.