Bayern MünchenDen Numm vum neien Trainer soll am Abrëll feststoen

RTL Lëtzebuerg
De Rekordchampion wëll seng Sich no engem Nofollger vum Thomas Tuchel zäitno ofschléissen, heescht et vum Sport-Virstand Max Eberl.

Zil wier et, am Abrëll kënnen en Numm matzedeelen. Wann et awer e bësse méi laang géif daueren, da wier et eben esou, sot den Eberl an engem Sky-Interview. Et wéilt een näischt iwwerstierzen.

Als Top-Kandidat zu München gouf jo den aktuellen Trainer vu Bayer Leverkusen, de Xabi Alonso gehandelt. Deen huet e Freidegmëtteg Medie géigeniwwer allerdéngs confirméiert, datt hien dem aktuellen Tabelleleader vun der Bundesliga och nach no Enn vun der Saison erhale bleift.

Wéi de kicker mellt, wier de Ralf Rangnick, aktuell Nationaltrainer vun Éisträich, déi éischt Alternativ.

Et wier een aktuell u verschiddenen Trainer drun, esou de Max Eberl. Et géif een analyséieren a kucken, wat wierklech machbar wier. Et géif ee probéieren de passenden Trainer ze fannen an och d’Konditioune musse stëmmen. Wann ee géif de passenden Trainer fannen, wou dann awer d’Rahmebedingungen exorbitant wieren, da géif een et ebe si loossen.

Back to Top
CIM LOGO