VfL BochumDen Trainer Thomas Letsch verléiert säin Job

RTL Lëtzebuerg
Dat huet de Veräin lo e Méindeg de Moien offiziell bekannt ginn.

E Méindegmoie war de Pressespriecher vum Veräin iwwer e méiglechen Depart vum Trainer befrot ginn. Hie wollt dat awer zu dem Zäitpunkt net bestätegen. An der Mëttesstonn stoung du fest, datt den Thomas Letsch, souwéi och de Co-Trainer Jan Fießer, de VfL Bochum verloosse mussen.

Weideren Informatiounen no wier de Stefan Kuntz ee potenzielle Kandidat, fir d’Roll vum Cheftrainer ze iwwerhuelen. Dësen hat schonns 1996 fir de VfL gespillt a war och Manager vum Club.

De Letsch hat am Joer 2022 de Poste vum Trainer vum VfL Bochum vum Thomas Reis iwwerholl a sollt dësen eigentlech bis zum 30. Juni 2026 behalen.

Leschte Samschdeg hat de VfL géint den FC Köln mat 1:2 verluer.

Back to Top
CIM LOGO