
Ënnert dem Emery ass Arsenal souwisou scho schlecht an d’Saison gestart. No 13 Spilldeeg leien d’Nordlondoner an der Premier League 19 Punkten hannert dem Leader FC Liverpool. De Portugis Nuno Espirio Santo gëllt als Favorit op Successioun. Hie steet allerdéngs nach bei den Wolverhampton Wanderes ënner Kontrakt.
De Fredrik Ljungberg, Trainer vun der U23 Beim FC Arsenal, iwwerhëlt als Interim.