Fir den aktuelle Champion Beefort, dee sech an dësem Duell an der leschter Saison nach duerchsetze konnt, gouf et e Samschdeg géint d’Tornados näischt ze huelen. Den Tornado Lëtzebuerg hat dës Kéier d’Iwwerhand a bleift domat am Championnat weider un der Tabellespëtzt.