
No 9 Woche geet d’Wanterpaus am Lëtzebuerger Futtball dëse Weekend op en Enn. No 15 Spilldeeg steet de Champion F91 Diddeleng un der Tabellespëtzt ee Punkt virun Hesper, an 13 virum drëtten Progrès Nidderkuer. Um Wupp steet d’Fola vun Esch mat just 10 Punkten aus 15 Matcher an engem Retard vun 32 Punkten op den Leader.
Bei der Ekipp vum Gaalgebierg war een an deene leschten 10 Joer éischter gewinnt och ganz uewen ze stoen. Lo fënnt een sech op der anerer Extremitéit vun der Tabell erëm.
Den Directeur Sportif vun der Fola Pascal Welter: “Den aktuellen, gréisstendeels ekonomesche Kontext erlaabt eis et net méi mat deene Grousse matzehalen. Mir sinn elo gäre forcéiert, datt eis eege Jugend méi séier a méi radikal an d’Éischt Ekipp muss integréiert ginn. Mir dierfen net vergiessen, datt mer, och wat elo am Mercato geschitt ass, quasi 20 Spiller ofginn hunn. Mir gesinn dat awer och als ganz grouss Opportunitéit, fir datt een dat mam Staff vum Trainer Stefano Bensi als grousse sportlechen Challenge ugeet.”An deene gléckséilege Jore konnt ee bei deene Rout-Wäisse vun Esch op d’Ënnerstëtzung vum President Gérard Lopez zeréckgräifen. Zanter enger Zäitchen muss d’Fola eleng eens ginn.
“Mir hoffen, datt duerch deen Challenge dee mer uginn, och méi Ënnerstëtzung lokal an regional fannen bei Sponsoren, well d’Argument, datt de Gérard Lopez do ass, datt zielt fir eis elo scho 5 Joer net méi... dat mer just Spiller kafen... nee mir hunn elo eng grouss Opportunitéit déi Escher Jugend an déi regional Jugend esou séier wéi méiglech an der 1. Ekipp vun der Fola ze integréieren.”
Der Fola feele 4 Punkte fir op d’Relegatiounsplaz, respektiv op eng Net-Ofstigsplaz. Et ass sécherlech eng schwiereg Aufgab mat enger jonker Ekipp, eng Aufgab déi den neien Trainer Stefano Bensi mat senger Erfarung als Spiller a scho Jugendtrainer, bei deenen Escher awer och duerchaus léise kann.
An um éischte Spilldag no der Wanterpaus kritt d’Fola et e Sonndeg doheem mam Tabellen-5. Titus Péiteng ze dinn.