
Beim 0:0-Remis tëscht der U23 vu Middlesbrough a Sunderland stoung den Enes Mahmutovic e Sonndeg déi komplett 90 Minutten iwwer um Terrain.
An den USA war de Maxime Chanot mat New York City an der MLS am Asaz an huet 0:0 géint Montreal Impact gespillt. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain.
An der Regionalliga Südwest an Däitschland hunn um Samschdeg de Maurice Deville mat Mannheim géint de Florian Bohnert mat Pirmasens gespillt. Nodeems de Bohnert an der 5. Minutt den 1:0 fir Pirmasens schéisse konnt, huet de Maurice Deville an der 30. Minutt ausgeglach. An der 51. Minutt ass duerch de Schultz den 2:1 fir Mannheim gefall an dëst sollt och d’Schlussresultat bleiwen. De Florian Bohnert gouf an der 71. Minutt an de Maurice Deville an der 84. Minutt ausgewiesselt.
An der Ligue 2 a Frankräich geet de Match tëscht Metz an Auxerre mat engem 0:0 op en Enn. De Laurent Jans souz op e Neits 90 Minutten op der Bänk.
An der Japanescher J-League ass de Gerson Rodrigues an der 65. Minutt agewiesselt ginn a konnt mat engem Gol an der 96. Minutt fir den 2:0 de Match entscheeden. An der Tabell steet Jubilo Iwata no 6 Spilldeeg op der 13. Positioun.
An der Partie tëscht Valenciennes an Troyes stoung de Christopher Martins bei de Gäscht an der Startformatioun an huet déi 90 Minutten duerchgespillt. Den decisive Gol fir Troyes huet de Mbeumo an der 62. Minutt geschoss. An der provisorescher Tabell steet Troyes elo op der 5. Plaz.
An der National a Frankräich huet Pau mam Vincent Thill auswäerts 0:0 géint JA Drancy gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 70. Minutt ausgewiesselt.