Futtball DammenD'Favoritten hunn den Ticket fir d'1/4-Finalle geléist

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg stoung am nationale Futtball de Gros vun den 1/8-Finalle vun der Coupe bei den Dammen um Programm.
De Resumé vum Match Beetebuerg géint Wuermer
Wuermer konnt duerch eng 3:2-Victoire den Ticket fir déi nächst Ronn léisen

Käerjeng, Déifferdeng an d’Entente Region Moselle konnte sech däitlech duerchsetzen an den Ticket fir déi nächst Ronn sécher léisen.

Méi spannend war et ënnert anerem zu Beetebuerg, wou sech de WMGB aus der 1. Divisioun nëmme knapp mat 3:2 behaapt huet. Zu Veianen gouf et donieft eng 1:0-Victoire fir Mertert-Waasserbëlleg a Mamer huet sech géint d’Ekipp vu Kielen aus der drëtter Divisioun mat engem knappen 1:0-Succès schwéier gedoen.

Back to Top
CIM LOGO