No méintelaangem MuechtkampfDFB-President Fritz Keller wëll gären zerécktrieden

RTL Lëtzebuerg
D'Féierungsspëtzt vum däitsche Fußball-Bund (DFB) zitt praktesch komplett d'Konsequenzen aus der déiwer Kris, an där de Verband stécht.
© Daniel ROLAND / AFP

Niewent dem President Fritz Keller huet och de Generalsekretär Friedrich Curtius annoncéiert, säi Poste wëllen ze verloossen. Och de Vizepresident Rainer Koch wäert net also Remplaçant kandidéieren, esou den DFB. Dëse wäert just zesumme mam Peter Peters d’Geschäfter leeden, bis e Nofollger fir de Keller fonnt gouf.

Dëser personeller Bomm ass e Muechtkampf vun e puer Méint virausgaangen, deen de Verband quasi geläämt huet an den Image vum DFB uerg verschlechtert huet.

Back to Top
CIM LOGO