Champions LeagueD'Finall 2022 gëtt zu München gespillt
Wéi d'Uefa um Dënschdeg matgedeelt huet, gëtt d'Final vun der Champions League 2022 an der Allianz Arena zu München gespillt.
Et ass schonn déi 4. Kéier, dass d’Final dann zu München wäert ausgedroe ginn.
D’nächst Joer ass d’Final iwwregens zu Istanbul, 2021 zu St. Petersburg an 2023 zu London.