Am nationale Futtball-Championnat ass et um Sonndeg zum Showdown komm. Virum leschte Spilldag stoung d’Fola punktgläich mat Hesper un der Spëtzt. Diddeleng hat als Drëtte mat 63 Punkten och nach Chancen op de Championstitel. D’Fola hat deemno déi beschten Ausgangspositioun, dat well si dat bessert Golverhältnis am Verglach zu Hesper haten.
Am Escher Derby géint d’Jeunesse huet “Doyenne” dann och de Grondstee fir den 8. Championstitel direkt an der 1. Hallschent geluecht, louche si do scho mat 2:0 duerch Goler vun Diallo a Correia a Féierung. D’Ekipp vum Sébastien Grandjean gewënnt viru 750 Spectateuren no 90 Minutte mat 3:0 a ka sech Champion 20/21 nennen. Domat ass d’Fola d’nächste Saison an der Champions-League-Qualifikatioun vertrueden.
De Swift huet säin eegene Match zu Déifferdeng mat 1:3 verluer, iwwerdeems Diddeleng seng Hausaufgabe besser gemaach an Hamm mat 4:3 geklappt huet. Domat geléngt et dem F91 um leschte Spilldag Hesper an der Tabell nach ze iwwerhuelen an d’Saison op der 2. Plaz ofzeschléissen. Fir de Swift spréngt no der Néierlag géint den FCD03 déi 3. Plaz eraus.
De Racing huet am direkten Duell géint de Progrès 0:0-Gläich gespillt a kënnt domat op déi 4. Plaz. Déi Stater huelen domat un der Qualifikatioun fir d’Conference League deel, d’nämmlecht wéi Diddeleng an Hesper. Nidderkuer gëtt 5.