
Nodeems d’Fola sech um éischte Spilldag am Escher Derby huet misse mat engem Punkt zefridde ginn, hat de Racing den éischte Spilldag duerch Corona-Fäll am Veräin net kënne spillen.
D’Fola war gutt an de Match komm a sou hat et nëmmen 8 Minutte gedauert, éiert de Ball eng éischte Kéier am Filet war. Hei war et den Dejvid Sinani, deen de Ball mat engem flaache Schoss no enger Virlag vum Hadji an de Gol setze konnt.
Nodeems den Hadji an der 20. Minutt den 2:0 aus kuerzer Distanz net markéiere konnt, war et am Géigenzuch den Dembélé, deen de Score an der 21. Spillminutt ausgläiche konnt. Dem Hennetier säi Fräistouss konnt den Dembélé mat engem strammen a placéierte Kappball laanscht den Hym setzen.
Duerno ware béid Formatioune beméit, de Match fir sech ze entscheeden, ma et hat awer ëfters un der néideger Prezisioun am Ofschloss gefeelt. Déi gréisste Chance hat hei den Hennetier, dee mat sengem Versuch an der 63. Minutt um Enn awer just de Potto getraff hat.
Ronn 18 Minutte virum Enn sollt déi Escher Fola op en Neits a Féierung goen. No enger Pass vum Sinani konnt den Drif d’Gäscht a Féierung bréngen.
D’Entscheedung war dann an der 89. Minutt duerch en direkt verwandelte Korner vum Sinani, deen soumat un den 3 Goler bedeelegt war.
D’Fola konnt sech déi dräi Punkte sécheren an ass soumat bis de Sonndeg un der Tabellespëtzt.