
“D’Gemengen sinn e ganz wichtege Partner”, dat sot de fréiere Suessemer Buergermeeschter an aktuelle Sportminister Georges Engel a senger Ried am Kader vum Buergermeeschter-Dag. Deen Dag, d’lescht Woch zu Munneref, stoung nämlech ënnert dem Motto “Sport a Beweegung”.
Et muss sech nach esou munches beweegen, fir datt de Sport dee Stellewäert hei am Land kritt, deen en am Fong misst hunn. De Georges Engel, deen elo zanter Januar Sportminister ass, huet deene Responsabele vun de Gemengen dann och nach eng Kéier all déi Voleten opgezielt, déi een am Alldag mam Sport kann ofdecken.
Georges Engel:“Nieft der physescher Aktivitéit, de Sport ass wichteg fir Inclusioun, fir d’Integratioun, Sport ass wichteg fir d’Entfalung vun der Perséinlechkeet, huet eng wichteg Roll, wat den Zesummenhalt an der Gesellschaft ugeet, an natierlech ass Sport och wichteg, wann ee verschidde Resultater wëll erreechen.”
Am Sportsmouvement ginn et natierlech eng ganz Rei Acteuren. Dat geet vun de Sportler selwer iwwert d’Trainer, d’Veräiner, d’Federatiounen, de Comité Olympique an der Sportministere. Ma déi um Terrain quasi mat am Noosten dru sinn, sinn d’Gemengen, dat weess och de Sportminister Georges Engel.
Georges Engel: "Et war nach eng Kéier wichteg ze ënnersträichen, datt d’Gemengen a ganz wichtege Partner sinn, an allem wat ëmsetzen vum Sport an ëmsetzen vun deenen Iddien di een huet fir datt de Sport méi accessibel gëtt ass. Wichteg ass awer och datt mer just mat der Gemengen Saachen kënne realiséieren, wéi zum Beispill bei den Infrastrukturen.”
De Sportministere encouragéiert déi 102 Gemengen am Land dann och, dovu ze profitéieren fir e Sport-Coordinateur an hirer Gemeng anzestellen. Nieft de Stied, déi jo souwisou meeschtens en gutt opgestallte Service des Sports hunn, sinn awer bis elo just 4 Gemengen am Land, déi op de Sport-Coordinateur gesat hunn.
Georges Engel:“De Raphael Stacchiotti (Sport-Coordinateur vun der Gemeng Biissen) war do, dee konnt dat erklären, wéi dat um Terrain ofleeft. Et ass och gesot ginn, datt eng ganz Rei Gemengen eng gewësse Skepsis haten, fir esou e Sport-Coordinateur anzestellen. Et ass dunn nach eng Kéier gesot ginn, wat deem seng Roll ass. Dat ass keen, deen eng Konkurrenz fir d’Sportsveräiner ass, u sech ass et e Bréckebauer, en Uspriechpartner fir alleguerten déi Partner, déi et an der Gemeng ginn.”
Bei der drëtter Hallschent vum Buergermeeschter-Dag zu Munneref, hu vill vun de Gemengepäpp a -Mammen dem Sportminister gesot, si hätten elo d’Roll vun deem Sport-Coordinateur verstanen, a wéilten elo an Zukunft dann am Sënn vum Sport an der Beweegung an hirer Gemeng esou e Poste schafen.