Lëtzebuerger Futtball-ChampionnatDiddeleng dierf sech kee Faux-pas leeschten

Franky Hippert
Den F91 Diddeleng geet als ongeschloenen Tabellenéischten an d'Réckronn, ma de Swift Hesper sëtzt hinnen am Genéck.
© RTL-Archiv/Val Wagner

Den 11. Dezember ass fir déi leschte Kéier an der ieweschter Divisioun hei zu Lëtzebuerg Futtball gespillt ginn. Quasi genee zwee Méint méi spéit ass e Sonndeg d’Reprise no der Wanterpaus. No deenen éischten 1.350 Minutten, also no deene 15 éischte Spilldeeg, steet den F91 Diddeleng un der Tabellespëtzt mat 42 Punkten, ee virun Hesper, a schonn 13 virum Progrès Nidderkuer. Déi national Futtball-Experten si sech eens...et misst scho ganz komesch goen, wann den F91 oder de Swift sech no 30 Spilldeeg net d’Meeschterkroun kéinten opdoen.

Diddeleng an Hesper si bis elo ganz kloer déi zwou stäerksten Equippen an der BGL-Ligue. Den F91 huet vu 15 Matcher der 14 gewonnen, an ee verluer, géint eben de Swift. Hesper huet der 13 gewonnen an zweemol gläichgespillt. D’Equipe vum Holleschbierg ass iwwregens déi eenzeg an Europa an enger ieweschter Divisioun, déi no der Allersronn nach net eng Kéier als Verléierer am Championnat vum Terrain gaangen ass. Fir Diddeleng war et um Enn vun der leschter Saison eng kuerz Summerpaus mat enger laanger Coupe d’Europes-Kampagne ginn. Lo konnten d’Batterien an der Forge du Sud emol nees ganz opgeluede ginn, de Goalkeeper vum F91 Lucas Fox:

Jo d’Hironn war ganz laang dës Joer. D’Wanterpaus huet eis gutt gedoen. Et war och gutt fir de Kapp, fir e bëssen ofzeschalten, fir erëm motivéiert a fokusséiert zeréckzekommen.”

Den Duell tëscht Diddeleng an dem Swift wäert och an der Réckronn weiderhin dominant sinn, wat d’Fro ëm d’Meeschterkroun ugeet. Just ee Punkt hunn de Lucas Fox a seng Equipieren Avance op den Tabellenzweeten Hesper:

“Jo, mir sinn als Tabellenéischten an d’Wanterpaus gaangen, d’Zil ass dann natierlech Champion ze ginn. Ech mengen awer, datt d’Réckronn méi schwéier gëtt. Mir sinn awer zouversiichtlech well mer wëssen, datt mer Qualitéiten hunn an et ass un eis dat ze weise fir de Championstitel ze gewannen.”

Um éischte Spilldag vun der Réckronn kritt den F91 et mam Drëtte Progrès Nidderkuer ze dinn an däerf sech do kee Faux-pas erlaben, well soss huet Hesper mat enger Victoire géint Hueschtert d’Méiglechkeet d’Tabellespëtzt direkt no der Wanterpaus ze iwwerhuelen.

D’Partie F91 Diddeleng géint de Progrès Nidderkuer gëtt e Sonndeg de Mëtteg schonn um 14:30 Auer ugepaff. All déi aner 7 Matcher, eben och Hesper géint Hueschtert, sinn um 4 Auer programméiert.

Back to Top
CIM LOGO