Europa-League-QualifikatiounDiddeleng no 1:1-Remis an der nächster Ronn

RTL Lëtzebuerg
D'Rees vum F91 Diddeleng an der Europa-League-Qualifikatioun geet weider. D'Hürd Shkëndija gouf en Dënschdeg den Owend no enger spannender Partie geholl.

Diddeleng no 1:1-Remis eng Ronn weider: Reportage G. Tricca

Mat engem 2:1-Avantage ass Diddeleng en Dënschdeg den Owend am Stade Josy Barthel op den FC Shkëndjia getraff. D’Ekipp aus der Forge du Sud wollt géint d’Mazedonier an den 3. Tour vun der Europa-League-Qualifikatioun kommen. Ee Remis an eng 0:1-Defaite wier dem F91 schonn duergaangen.

Diddeleng no 1:1-Remis an der nächster Ronn
D’Rees vum F91 Diddeleng an der Europa-League-Qualifikatioun geet weider. D’Hürd Shkëndija gouf en Dënschdeg den Owend no enger spannender Partie geholl.

An den Ufanksminutte waren awer d’Gäscht viru ronn 1.000 Spectateure méi aktiv an haten och d’Méiglechkeet, wéi am Allersmatch, fréi a Féierung ze goen. Virun allem de Besart Ibraimi huet et der Diddelenger Defense schwéier gemaach. Den F91 koum fir d’éischte Kéier duerch den Dominik Stolz virun d’Këscht vum Kipper Zahov - 0:0 no 15 Spillminutten. Wat d’Partie méi al gouf, wat Diddeleng besser an de Match komm ass. Fir ee Gol no den éischte 45 Minutten ass et, och wann et op béide Säite flott Chancë gouf, awer net duergaangen.

Déi 2. Hallschecht war nach ganz jonk, wéi eng Flank vu lénks den Adel Bettaieb an der Mëtt fonnt huet an dat ronnt Lieder vum Diddelenger Stiermer un d’Lat gekäppt gouf. Am weidere Verlaf hunn d’Spectateuren op der Areler Strooss eng mouvementéiert Partie gesinn, an där déi eng an déi aner Säit, wéi am 1. Duerchgang och, hir Golméiglechkeeten hat.

Heiansdo war de Potto am Spill, dann ass de Ball just neelech laanschtgaangen oder d’Kippere konnte paréieren - ma ee Gol wollt awer einfach net falen. Esou huet et bis an d'78. Spillminutt gedauert, ier Diddeleng de Score opmaache konnt, dat a Persoun vum Ofwierspiller Ricardo Delgado. Den Diddelenger konnt op Corner hin de Ball erakäppen.

An der 85. Minutt krut ee Mazedonier eng gielrout Kaart an domat war den F91 an der Schlussphas an Iwwerzuel. Spannend gouf et awer nach eemol, wéi den Ibraimi no engem Fräistouss aus der Distanz op 1:1 konnt setzen - de Buteur stoung duerno awer net méi laang um Terrain, well hie sech mat dem Onparteieschen an d’Hoer krut an doropshin déi rout Kaart gewise krut.

Den Arbitter Griffith aus Wales huet beim Stand vun 1:1 ofgepaff an den nächsten Tour fir d’Formatioun aus der Forge du Sud offizialiséiert.

Am drëtten Tour vun der Europa-League-Qualifikatioun trëfft den F91 op d’Este vun Nõmme Kalju. Dem Allermatch ass den 8. August um 21 Auer heiheem. Den 13. August ass dann de Retourmatch an Estland.
D’Partie vum zweete Spilldag an der ieweschter Lëtzebuerger Futtball-Divisioun tëscht Titus Péiteng an dem F91 Diddeleng, déi fir den 11 August virgesi war, gëtt verluecht.

Den F91 spillt schonns dënschdes de Retourmatch an der Europa League an Estland géint Kalju an dat géif deemno ze no beienee leien.

Wéini de Championnatsmatch nogeholl gëtt, steet nach net fest, sou d’FLF an engem Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO