FuttballDiddelenger Comitésmembere bleiwen all beim F91

RTL Lëtzebuerg
Ass am Lëtzebuerger Futtball d‘Léift tëscht dem F91 an dem Mäzen Flavio Becca eriwwer?
© pressphoto Archiv

Et goufen nämlech e puer Comitésmembere vun Diddeleng gefrot, fir mat eriwwer bei den neie Becca-Club op Hesper ze wiesselen. Eisen Informatioune no hu sech d‘Memberen awer all dofir ausgeschwat, fir bei hirem Veräin, dem F91, ze bleiwen.

An Zukunft wëll de Club aus der Forge du Sud verstäerkt op Lëtzebuerger a Spiller aus der eegener Jugend setzen. Dofir gouf den Arno Bonvini jo zum Beispill och als Trainer vun der Futtball-Akademie vun Diddeleng engagéiert.

An den nächsten Deeg soll och den neien Trainer vum F91 presentéiert ginn. D‘Wierfele schéngen awer nach net ganz gefall ze sinn, wien d‘nächst Saison bei deenen Diddelenger op der Trainerbänk wäert setzen.

Back to Top
CIM LOGO