Fréiere Futtball-StarDiego Maradona gouf wéinst enger Gehierbluddung operéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Operatioun wier eriwwer a se wier erfollegräich gewiescht, schreift dem Maradona säi Spriecher Sebastian Sanchi bei Instagram.
© AFP (Archiv)

Et wier alles wéi geplangt verlaf an hie wier elo a sengem Zëmmer a géing sech ausrouen.

De Maradona säin Hausdokter Leopoldo Luque huet de Weltmeeschter vun 1986 an engem Spidol zu Olivos nërdlech vu Buenos Aires operéiert. E Méindeg war den Argentinier an e Spidol zu La Plata bruecht ginn. Ufanks war just Rieds vun emotionalem Stress. Bei Tester hat een dunn d’Gehierbluddung festgestallt.

Back to Top
CIM LOGO