
Och en Dënschdeg haten nees vill Leit de Wee op de Relegatiounsmatch fonnt an déi bal dausend Spectateuren hunn no ronn 96 Minutten Dikrecher Spiller a Fans feiere gesinn: D’Ekipp aus der Ieselsstad spillt déi aner Saison nämlech an der 1. Divisioun, Bartreng fält an déi 2.
Arbitter war de Jeremy Muller, de Patrick Da Silva an den Admir Civovic stoungen op de Linnen.
Keng Goler an der éischter Hallschent
D’Spectateuren hunn an der Ufanksphas virun allem laang Bäll a vill Zweekämpf gesinn; deen een oder anere Schoss a Richtung Gol war awer och dobäi.
No den éischte 15 Minutte stoung et tëscht Dikrech a Bartreng nach 0:0 gläich.
An der 18. Spillminutt hat Bartreng déi éischt gréisser Golchance. Hei koum de Scheer fräi zum Schoss, de Sporting-Spiller huet seng Tentative aus der Dréiung awer verzunn.
Dräi Minutte méi spéit koum a Persoun vum Jaime Martins d’Äntwert vun de Yellow Boys, ma och säi Schoss goung iwwer de Gol. 27 Minutte ware gespillt, wéi déi Dikrecher ganz geféierlech an Aktioun getruede sinn. Dat, wéi de Costa ganz gutt vu sengem Matspiller am 16-Meter-Raum zerwéiert gouf a versicht huet, dat ronnt Lieder ze versenken - déi Kéier konnt ee Bartrenger op der Linn klären.
Mat engem 0:0 goung et zu Useldeng op den Téi. Keng Ekipp hat deemno am 1. Duerchgang dat néidegt Duerchsetzungsverméigen. Op béide Säite goufen awer och keng alt ze grouss Risikoe geholl, well keen deen éischte Feeler maache wollt.
Dikrech méi aktiv
Dikrech ass als déi méi aktiv Ekipp aus de Kabinne komm a konnt an der 51. Spillminutt duerch de Costa den éischte Schoss a Richtung Gol vum Lamrani ofginn - de Bartrenger Kipper huet seng Këscht awer propper gehalen.
Bartreng huet iwwerdeems vill mat laange Bäll operéiert, déi de Kapitän Almeida hannendra bei Dikrech ouni Schwieregkeete rauskäppe konnt.
No enger Stonn stoung et nach ëmmer 0:0 an déi 996 Spectateure goufen net mat flottem Futtball verwinnt.
An der 67. Spillminutt koum Bartreng du mol geféierlech virun d’Këscht vum Pereira, ma dem Maziz säi Schoss aus ronn 10 Meter konnt den Dikrech Kipper awer paréieren.
Den decisive Gol
Quasi am Géigenzuch op Konter ass den Dikrecher den 1:0 gelongen, dat wéi den Dani Martins am Noschoss dat ronnt Lieder iwwert d’Linn drécke konnt. Dem Gol war eng Zeen virausgaangen, an där den Da Cunha no engem Lapsus an der Bartrenger Ofwier an d’Déift geschéckt gouf a ferm ofzéie konnt - den ofgeprallte Ball war dunn ebe beim spéidere Buteur gelant.
Knapp 10 Minutte viru Schluss hat Bartreng d‘Chance op den 1:1-Ausgläich, dat duerch e Schoss vum Mandefu. An och de Vitali huet direkt zweemol seng Chance gesicht, hat d’Gléck bei senge Schëss awer net senger Säit.
Kee Gol wéinst Abseits
Esou goung et an d’Schlussphas vum Match mam Avantage fir d’Ekipp aus der Ieselsstad. Den Dinis op Dikrecher Säit hat an der 84. Spillminutt souguer d’Méiglechkeet, de Sak definitiv zouzemaachen, ma den agewiesselte Spiller huet virum Gol d‘Nerven net behalen.
Dräi Minutte viru Schluss hat den Dani Martins säin 2. perséinleche Gol markéiert, dësen huet den Arbitter Muller awer wéinst enger Abseitspositioun annuléiert.
Den Arbitter Muller huet insgesamt sechs Minutten nospille gelooss - Bartreng konnt aus dësen awer kee Profit méi zéien, koum deemno net méi zeréck an de Match.
No der 1:0-Victoire ass Dikrech deemno an déi 1. Divisioun gestigen. Bartreng muss iwwerdeems de Schrëtt an d'2. Divisioun untrieden.
