Lafe fir d'UkrainDiplomat leeft um Nuetsmarathon mat kugelsécherem Gilet

RTL Lëtzebuerg
An engem kugelséchere Gilet vun 8 Kilo wëll den ukraineschen Diplomat Oleksandr Dorofieiev den Hallefmarathon an der Stad lafen.
Den Oleksandr Dorofieiev beim Nuetsmarathon
Den Oleksandr Dorofieiev beim Nuetsmarathon
© Domingos Oliveira / RTL

Zanter Januar 2023 wunnt den Ukrainer zu Bréissel a kënnt reegelméisseg op Lëtzebuerg. “Mir gefält äert Land an d’Haaptstad. Et ass mir ëmmer eng Freed, fir op Lëtzebuerg ze kommen”, erzielt hie géintiwwer RTL.

Och dëse Weekend zitt et hien nees an de Grand-Duché. E Samschdeg wäert hien nämlech den Hallefmarathon an der Stad matlafen an zwar an engem kugelséchere Gilet. Säin Zil ass et, fir d’Leit dorop opmierksam ze maachen, datt de Krich an der Ukrain nach ëmmer net eriwwer ass, an datt si Hëllef brauchen.

Iwwert e Sticker mat engem QR-Code op sengem Gilet wëll hie Sue sammelen. An dat huet an der Vergaangenheet scho ganz gutt geklappt.

Am Mee an am Oktober 2023 ass den Oleksandr Dorofieiev schonns den Hallefmarathon zu Bréissel gelaf. Déi éischt Kéier krut hie genuch Suen zesummen, fir engem Kolleeg, deen an der ukrainescher Arméi ass, en Apparat, fir och Nuets ze gesinn, am Wäert vu ronn 3.200 US-Dollar ze kafen. An am Oktober hat hien esouguer 400.000 ukrainesch Hrywnja, ëmgerechent ronn 10.000 Euro, zesummekritt, fir véier FPV Dronen an eng DJI Matrice 3OT Dron ze finanzéieren.

Et ass en Dag, deen him direkt zwee Mol eppes Besonnesches bedeit: “Et ass mäi Gebuertsdag!” Weider wäert et, op d’mannst fir eng gewëssen Zäit, dee leschte Benefice-Laf fir hie sinn. Am August geet den Oleksandr Dorofieiev zeréck an d’Ukrain. Esoulaang wéi hien nach hei ass, wier et säin Zil, déi Mënschen, déi fir säi Land kämpfen, esou gutt wéi méiglech z’ënnerstëtzen.

LINK: Hei kënnt Dir den Nuetsmarathon am Livestream suivéieren

Back to Top
CIM LOGO