No KappblessurDirk Carlson: "Alles erëm gutt"

RTL Lëtzebuerg
De Lénksverdeedeger vu Karlsruhe hat sech no engem Duell an der Partie an der zweeter Bundesliga e Sonndeg géint Osnabrück ferm um Kapp blesséiert.
© Karlsruher SC / Twitter

De Lëtzebuerger Futtballprofi huet no 30 Minutte missen ausgewiesselt ginn a koum an d’Spidol. Et huet awer méi schlëmm ausgesi wéi et war, esou de Carlson eis géigeniwwer.

Den 21 Joer alen Nationalspiller hat awer och vill Chance, wéi hie seet. Et ass keng Gehiererschütterung an och keng Schädelfraktur, ma nëmmen 2 Hematomen.

Anescht wéi an den däitsche Medie bericht, huet de Spiller vum KSC net missen an der Klinik iwwernuechten.

Back to Top
CIM LOGO