Karlsruher SCDirk Carlson ass gudder Déng, datt Saison op en Enn gespillt gëtt

Franky Hippert
Sou wéi déi meescht Leit ass och den Dirk Carlson den Ament doheem. De Spiller vum Karlsruher SC probéiert, sech esou gutt et geet fit ze halen.
Den Dirk Carlson am Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.
Den Dirk Carlson am Trikot vun der Lëtzebuerger Nationalekipp.
© AFP

Sou wéi déi meescht Leit, ass den Dirk Carlson wéinst de Corona-Kris elo doheem. De Futtballprofi vum KSC ass awer ganz eleng zu Karlsruhe a senger Wunneng. Fir den 22 Joer ale Lëtzebuerger Nationalspiller ass dat alles anescht wéi eng einfach Zäit.

Aktuell Situatioun beim Dirk Carlson / Rep. Franky Hippert

Wéini et nees an der éischter an an der zweeter Futtball Bundesliga lass geet, ass jo nach net gewosst. Et gëtt spekuléiert, eventuell Ufank Mee, dann awer vläicht ouni Spectateuren am Stadion. Den Dirk Carlson kann et op jiddwerfalls kaum erwaarden, datt dat ronnt Lieder nees rullt.

Wann een zanter 3 Woche kee soziale Kontakt däerf hunn, an een dann och nach eleng am Ausland a senge 4 Maueren ass, da kann engem de Plaffong schonn emol op de Kapp falen, den Dirk Carlson:

Dës Kris, dat ass eppes dat ech mer ni geduecht hunn, datt ech dat eng Kéier erliewe géif. Et muss een einfach am Moment solidaresch sinn, doheem bleiwen, net just fir sech, mä och fir déi aner. Mir Futtballspiller, et ass einfach eis Passioun eise Beruff, a schonn 3 Deeg kee Ball beréiert ze hunn, dat deet scho wéi, also am Moment ass et wierklech haart.”

An den däitsche Medie war elo an de leschten Deeg ze héieren, datt de KSC, ee vun den éischte Veräiner an der zweeter Bundesliga kéint sinn, deen duerch d’Corona-Kris faillite kéint goen, dozou de Lénksverteideger vum däitschen Traditiounsveräin:

Also ech liese bewosst keng Medien, eben dofir, fir esou Geschichten aus dem Wee ze kommen. Ech sinn optimistesch, datt mir d’Saison fäerdeg spillen. Mir sinn net eleng op d’Tëleesgelder ugewisen, och Veräiner aus der 1. Bundesliga sinn am Fall. Mir mussen eis konzentréieren, et ass am Moment keng Vakanz. Mir musse prett sinn, wann et nees lass geet, dat och wann een eis Tabellesituatioun kuckt (zweetlescht Plaz), en Ofstig wär nach méi schlëmm wéi Insolvenz oder sou.”

D’Profie vum KSC verzichte wärend der Corona-Kris jo och op en Deel vun hirer Pai. Wat d’Rout Léiwen ugeet, ass den 23-fache Lëtzebuerger Nationalspiller op jiddwerfalls traureg, datt d’Matcher mat der FLF-Formatioun Enn Mäerz hu missen ofgesot ginn. Dat wär ëmmer eng Belounung fir den Trikot vun der Nationalekipp ze droen, an dësen Zäite wär dat ebe leider net méiglech, esou nach den Dirk Carlson.

Back to Top
CIM LOGO