
Spiller hu sech géigesäiteg zerklappt an et ass zu rassisteschen Aussoe komm.
Elo huet d’Verbandsgeriicht vun der FLF tranchéiert: 3 Spiller vu Miedernach goufe fir 8, 10 respektiv 13 Matcher gespaart a kruten allkéiers eng Geldstrof vun 200 Euro. De Veräin muss 300 Euro Strof bezuelen.
Ee Spiller vu Rëmeleng gouf fir 8 Matcher gespaart a krut eng Geldstrof vun 150 Euro. De Rëmelenger Club muss 250 Euro Strof bezuelen.