Lëtzebuerger AthletinD'Jeanne Lehair wënnt Bronze op de franséische Meeschterschaften am Cross

RTL Lëtzebuerg
D'Jeanne Lehair huet de Weekend bei de franséische Meeschterschaften am Cross eng Bronzemedail gewonnen.
© HERVIO Jean-Marie / KMSP / KMSP via AFP

Wéinst hirer Lëtzebuergesch-franséischer Duebelnationalitéit konnt d’Athletin och beim franséische Championnat untrieden. Op der laanger Streck am Cross ass d’Athletin, där hir Haaptdisziplin jo den Triathlon ass, als véiert iwwert d’Arrivée gelaf. Ma well déi drëttplacéiert Katie Schide d’amerikanesch Nationalitéit huet, ass si net fir de Ranking vum franséische Championnat matgelaf, sou dass d’Jeanne Lehair sech um Enn iwwer eng drëtt Plaz konnt freeën.

Back to Top
CIM LOGO