KarateD'Jenny Warling bléckt op eng staark Saison zeréck

Tom Hoffmann
No de World Games an dëser Saison waart d'nächst Joer mat de European Games schonn nees deen nächsten Highlight.
D'Jenny Warling bléckt op eng staark Saison zeréck
No de World Games an dës Saison waart d’nächst Joer mat de European Games schonn nees deen nächsten Highlight.

D’Jenny Warling huet eng chargéiert Saison hannert sech. Den Highlight vum Joer waren awer definitiv d’World Games zu Birmingham an den USA, wou d’Lëtzebuerger Karateka eng Medail knapp verpasst huet. Den Optrëtt bei dësem Event léisst sech weisen, virun allem well am Grupp vum Jenny Warling alles dobäi war wat Rang an Numm huet. Dat war och gläichzäiteg dee leschten Optrëtt vum Jenny Warling an dëser Saison.

Virun allem waren d’World Games, eegenen Aussoen no, eng Kompensatioun fir d’Jenny Warling, fir déi verpasste Chance bei den Olympesche Spiller zu Tokio mat dobäi ze sinn. Bei dëser 11. Editioun zu Birmingham gouf eng Medail zwar knapp verpasst, allerdéngs huet déi 28 Joer al Karateka vum KC Walfer an hirem éischte Match direkt fir en Highlight gesuergt. Mat 5:1 huet d’Jenny Warling géint d’Olympiagewënnerin Ivet Goranova aus Bulgarien gewonnen.

“Géint dat hat ech op der WM fir Bronze verluer. Et ass och dëst Joer Vize-Europameeschterin ginn, dat heescht et ass a Form. Dat mécht ee wierklech houfreg a stolz, wann ee géint esou e Géigner gewënnt.”

Op d’Fro, wéi e Moment an dëser Saison besonnesch hänke bliwwen ass, hat d’Jenny Warling eng kloer Äntwert.

“Dat waren elo d’World Games. Dat ganzt Evenement u sech. D’Ouvertureszeremonie, meng Famill war mat do... Et huet et einfach gemaach, op der Bün ze kämpfen. Natierlech hätt ech gär eng Medail mat Heem bruecht, mee ech kann zefridde mat mengem Parcours sinn.”

Um Enn vun der Saison stinn zwou Bronzemedaile méi am Palmarès an d’Jenny Warling steet an hirer Kategorie op der 5. Plaz vun der Weltranglëscht. No dëser intensiver Saison steet awer emol eng Paus um Programm.

“Ech maachen elo bis Mëtt August Paus an da geet d’Preparatioun erëm lass. Am Moment ziele fir mech d’K1-Tournoien an d’Europameeschterschaft d’nächst Joer, well dat alles zu der Qualifikatioun fir d’European Games, déi d’nächst Joer och um Programm stinn, gehéiert.”

An do steet d’Jenny Warling am Moment op der drëtter Plaz a wier domat sécher dobäi. D’nächst Saison gëllt et awer, dës Positioun ze verdeedegen, fir dann och bei de European Games dobäi ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO