
Dat deelt der 28 Joer aler Karateka hir Mamm a Managerin an engem Schreiwes mat.
Domat kann d’Jenny Warling viraussiichtlech net un de European Games am Juni deelhuelen, wat eent vun hire groussen Objektiver fir d’Joer 2023 ass. Deen anere grousse Rendez-vous ass eng Participatioun bei der Weltmeeschterschaft am Oktober zu Budapest an Ungarn. Ob d’Jenny Warling bis dohin nees fit ass, ass nach net kloer.
Gudden Owend,
De leschte Samschdeg um Karatetraining zu Stroossen huet d’Jenny sech um Knéi verletzt. No engem Moment Ongewëssheet war no den Ënnersichungen an der Klinik awer séier d’Diagnos gestallt: fir di 2. Kéier huet d’Sportlerin aus dem COSL-Elitekader d’Kräizband duerch. Dëst ass e schwéiere Réckschlag fir d’Karateka vum KC Walfer well Ufank des Joers stinn nach ënnert anerem Qualifikatiounstournoien fir d’European Games 2023 a Polen um Planning. Deemno ass eng Participatioun fir dës Spiller ongewëss.
D’Jenny ass mëttlerweil schonn operéiert an d’OP ass erfollegräich verlaf. Lo steet eng intensiv Reha um Programm anstatt vun den Trainingsunitéiten. Zum jëtzegen Zäitpunkt ass net gewosst wéini d’Jenny neess um Tatami wäert stoen.
Mat fréndleche Gréiss,
Chantal Warling
Mamm&Managerin